All Member ass wichteg.

D’UFP vertrëtt d’Interessien vun iwwer 1.100 Fonctionnairen aus der “Carrière supérieure administrative, scientifique et technique” beim lëtzebuerger Staat an bei den ëffentlechen Etablissementer. Nëmmen mat dem Support vun iech kenne mir eng effikass Representatioun garantéieren.

D’UFP ass eng Ënnerorganisatioun vun der CGFP. Als Member sidd dir iwwer d’UFP och bei der CGFP affiliéiert. Är Affiliatioun an der Héicht vun 80€ (ab dem 1. Januer 2024) bezuelt dir elo bei der UFP.

Domat hutt dir natierlech och Zougang zu den Servicer vun der CGFP (https://www.cgfp-services.lu)

Dir sidd nach net Member bei der CGFP:

Klickt w.e.g. hei fir den Formulaire d’adhésion erof ze lueden.

Op deem Formulaire schreift Dir datt Dir an der Carrière supérieure sidd.

Sou gidd Dir automatesch och bei eis Member, ouni weider Frais’en.

Dir sidd schon Member bei der CGFP:

Wann Dir schon Member bei der CGFP sidd, an eventuell virdrun an enger anerer Carrière wart an z.B. en changement de carrière gemaach hutt, misst Dir der CGFP Bescheed soen. An diem Fall mellt Iech weg. hei.