Psychologesch Berodung beim Staat

Qualité de vie au travail

De Service psychosocial bitt all Persoun déi an der Fonction publique schafft, dat heescht beim Staat, den Etablissements publics an an de Gemengen, eng vertraulech a gratis Ënnerstëtzung bei aarbechtsbedéngten oder perséinleche Problemer un.

De Service beréit Iech zum Beispill a folgende Beräicher:

  • Problemer op der Aarbecht: onkloer Aufgaben …
  • Onwuelsinn: Ängschten, Depressioun, Liewensmiddegkeet …
  • Familiär Problemer: Problemer mat Ofhängegkeet: Alkohol, Drogen, Medikamenter, Spillsucht …
  • Traumatesch Situatiounen: Aggressiounen, Konfrontatioun mat engem onerwaarten Doudesfall …
  • Encadrement vun enger Persoun am Leed op Ärer Aarbecht

Wéi huelen ech e Rendez-vous?

Dir rufft einfach beim Service psychosocial un (247-73100) oder maacht hinnen eng E-Mail (service-psychosocial@ mfp.etat.lu). Rendez-vouse si méiglech entweder perséinlech bei hinnen am Gebai oder via Videocall (zum Beispill iwwer Skype).

Wann Dir eng Dispens vun Ärer Aarbecht wëllt, kann de Service psychosocial Iech e Certificat fir Är Präsenz am Service ausstellen. Dir selwer kennt dat dann Ärem Virgesetzte ginn, den dann op fräiwëlleger Basis iwwert Är Fräistellung decidéiert. Vum Service psychosocial aus gi keng Informatiounen un Äre Virgesetzten.

Wann Dir net wëllt an Ärer Administratioun erzielen, dass Dir beim Service psychosocial waart, misst Dir Iech via Congé, CET oder Horaire mobile arrangéieren.