Interaktive Workshop – A1 Revendicatiounen
Un all Agente vun der Karriär A1 : Dëst betrëfft eis all!
Et ass längst gewosst, dass d’Reform vun 2015 eiser Karriär substanziell Verschlechterunge bruecht huet. Dës Verschlechterunge sinn iwwert d’Joren nach weider aggravéiert ginn andeems et notamment ëmmer manner attraktiv ginn ass ze studéieren, esou wéi mat vill Beruffserfarung bei de Staat ze wiesselen, grad esou wéi héijer Responsabilitéiten ze iwwerhuelen. Dëst betrëfft virun allem eis A1 Karriär am ëffentlechen Déngscht.
Zesummen si mir iwwerzeegt, dass mir am Déngscht vum Bierger en effizienten a héichqualifizéierten ëffentlechen Déngscht brauchen!
D’UFP hat dowéinst fir de 6. Mee 2026 all d’Organisatiounen agelueden, déi Agenten an der A1-Karriär am ëffentlechen Déngscht vertrieden, respektiv där déi sech op d’A1 Karriär bezéien. Op eisem gutt besichten « Interaktive Workshop – A1 Revendicatiounen » waren A1-Vertrieder aus dem Gemengesecteur, esou wéi och aus dem Enseignement, aus der Force publique, aus dem Finanzberäich an aus dem sozioedukative Beräich. Zesumme mat de Vertrieder vun der UFP, déi och selwer ganz diversifiéiert opgestallt ass, ware soumat net manner wéi 10 Organisatioune mat A1-Vertrieder aus de verschiddenste beruffleche Beräicher zesummekomm.
Déi Karriär-spezifesch Erausfuerderunge ware schonn iwwert e Sondage am Virfeld identifizéiert ginn, soudatt d’Aarbechtsgruppen direkt konkret Léisungsusätz erbruecht hunn. Bei der uschléissender Auswäertung huet sech gewisen, dass eis Erwaardunge ganz oft an eng gemeinsam Richtung ginn. Esou konnte mir zesummen eis Karriär-spezifesche Fuerderungen op enger breeder Basis konkretiséiere.
Eise Workshop zu den A1 Revendicatiounen huet ganz kloer ervirgehuewe wéi wichteg et ass alleguerten d’A1-Vertrieder och zukünfteg un een Dësch ze kréien.
Dowéinst lancéiere mir e kloren Opruff zu kollektiver Responsabilitéit : De Moment ass komm, eis zesumme fir eis Karriär anzesetzen!







